Dës Dokumentatioun ass zesumme mat Amazon Music entstanen a léisst hannert d'Kulisse vum Festival blécken.

2 Méint ass et hier, dass zu Boom fir dräi Weekender dausende vu Museksfans gefeiert hunn. Den Tomorrowland Festival war dëst Joer déi éischte Kéier iwwer 3 Weekender an och op der Bün stounge rëm honnerte vun DJ'en.

Vue dass de Festival ee vun deene bekanntsten op der Welt ass, hunn d'Organisateure lo eng nei Dokumentatioun iwwert de Festival released, déi si zesumme mat Amazon Music produzéiert hunn.

Säit dem 20. September kann een sech de Kuerzfilm "We Are Tomorrow"um YouTube Channel vum Tomorrowland Festival ukucken. Ënnert anerem huet och den DJTopic beim Film matgewierkt a seng beschte Storys vum Festival zum beschte ginn.