De lëtzebuergesche Musekslabel Beast Records huet eng nei Zesummenaarbecht mat ADA Music ugekënnegt.

Beast Records ass een onofhängege Musekslabel aus Lëtzebuerg, deen eng ganz Rei u nationale Kënschtler ënner Vertrag huet. Hei sinn zum Beispill den Edsun, Maz, Chaild, Iceleak oder och den DJ Nosi mat dobäi.

Fir dës Kënschtler och an d'Ausland ze kréien, huet Beast Records elo ugekënnegt, dass si an Zukunft zesumme mat ADA Music wäerten zesummeschaffen. ADA Music ass een Ënnerlabel vu Warner Music BeNeLux, déi eng ganz Rei weltbekannte Kënschtler ënner Vertrag hunn.