Den 23. September kennt der däitscher Rock-Band hiren neien Album "Kargo" op de Marché.

Nodeems et nawell déi lescht Joren zimmlech roueg ëm d'Band Krafklub gi war, sinn si awer lo säit e puer Méint zeréck mat neier Musek. Den 23. September wäert dann och der Band hiren neien Album "Kargo" op de Marché kommen, ob deen d'Fans lo scho laang waarden.

Fir op den Album ze tease waren dann och schonn déi eng  oder aner Single am Virfeld erauskomm. Elo huet d'Band dann déi lescht Single vum Album rausbruecht. "Blaues Licht" eraus heescht déi fënneft Single-Auskopplung. An der Single geet et dann ëm déi bestëmmte Stëmmung déi ee wärend enger Party-Nuecht kann erliewen.

Kraftklub wäerten dann och schonn zwee Deeg virum Release vum Album live op der Reeperbahn ee Concert spillen. Wéini a wou genee dat wäert stattfanne wäert d'Band ganz spontan op Instagram ukënnegen.