Déi neiséilännesch Sängerin huet verroden, dass eventuell geschwënn een neien Album wäert erauskommen.

Viru kuerzem huet d'Lorde zu Los Angeles um Primavera Sounds Festival gespillt. Wärend sengem Concert huet d'Sängerin dann och iwwert seng lescht Albume geschwat. "Pure Heroine" war iwwert d'Thema Teenager, "Melodrama" war doriwwer dass hat kee Jong wier a "Solar Power" hat vill mam Klimawandel ze dinn.

Kuerz drop sot d'Musekerin dunn, dass een sech well kéint froen ëm wat et a sengem nächsten a véierten Album wäert goen. Dat géif een awer och a noer Zukunft gewuer ginn.

Mir kennen eis also definitiv op een neien Album vum Lorde freeën.