Den däitsche Rapper Sido huet eng nei Single released an een neien Album ugekënnegt.

Ganz onerwaart huet den däitsche Rapper Sido eng nei Single op de Marché bruecht. Am Track "Versager" geet et haaptsächlech dorëms, dass de Sido sech als Kand dacks eleng gefillt huet vue dass säi Papp ni Zäit fir hien hat. Den Track ass eng Mëschung tëschent modernem Pop an dem Sido senge klassesche Beats.

Dësen Track wäert dann och op sengem neien Album "Paul" mat drop sinn, deen de 9. Dezember 2022 wäert erauskommen. Op dësem wäerten da vill bësse méi däischter Themen ugeschwat ginn déi awer vu positive Melodie ënnermoolt ginn. De Sido bléift awer trotzdeem sengem aktuelle Sound trei a geet net zeréck an de richtege Rap-Vibe.