
© AFP
"Star Walking" heescht déi neiste Single vum Lil Nas X
Den 23 Joer ale Sänger Lil Nas X huet säi groussen Duerchbroch mat sengem éischten Album "Montero" geféiert a stoung weltwäit ganz uewen an den Charts. Elo huet den amerikanesche Museker seng nei Single "Star Walking" erausbruecht, déi hien a Kollaboratioun mam Spill League of Legends Worlds produzéiert huet.
Wien de Lil Nas X da well eng Kéier gesinn, dee kann dat entweder op engem vu senge Concerte maachen oder an der Madame Tussauds Hollywood, wou säit kuerzem eng Wuessfigur vum Museker steet.