Den 18. November kennt der Band hire 7ten Studioalbum "2001" eraus.

Am Joer 2001 ass deene véier Museker Bill, Tom, Georg a Gustav hiert d'Liewen op d'Kopp geschmass ginn. Deemools nach bal als Kanner sinn si mat hirer Hit-Single "Durch den Monsun" viral gaangen an hunn Massepanik bei hire Concerten ausgeléist.

Elo 21 Joer méi spéit ass da lo ugekënnegt ginn, dass d'Band ronderëm d'Kaulitz Bridder lo een neien Album wäert erausbréngen. Den Album mam Numm "2001" wäert den 18. November rauskommen an nach eng Kéier un déi fréier Zäit erënneren.

Um Album mat drop wäerten dann och déi aktuell Lidder "HIM", "When We Were Younger" oder "Bad Love" mat drop sinn.

Eng kleng Tournée ass dann och geplangt:

04. Mai 2023 - Frankfurt
07. Mai 2023 - Köln
09. Mai 2023 - Stuttgart
17. Mai 2023 - Leipzig
18. Mai 2023 - Hamburg
19. Mai 2023 - Berlin