Och am Joer 2023 wäerten zu Boom rëm op zwee Weekender déi bekanntesten DJ'en op der Bün stoen.

Den Tomorrowland Festival zu Boom an der Belsch ass net nëmmen op der ganzer Welt bekannt mee warscheinlech och ee vun deene gréisste Festivallen op der Welt. Hei stinn dofir och all Joer nëmmen déi beschten DJ'en vun der Welt op enger vun deene 15 Bünen um Areal.

Lo hunn d'Organisateuren dann och ugekënnegt dass déi grouss Party am Joer 2023 weider geet an dat vum 21.-23. Juli 2023 fir de Weekend 1 a vum 28.-30. Juli fir de Weekend 2. D'nächst Joer ass d'Thema dann: "Great Library: Adscendo"

Ab dem 7. Dezember kann een sech dann och um Internetsite vum Festival aschreiwe fir de Pre-Sale dee warscheinlech rëm am Februar wäert lassgoen.