Fir vill Fans war d'Méiglechkeet net do ee vun deene gefroten Tickets fir d'Sängerin ze ergatteren.

D'Taylor Swift huet jo am Oktober säin neisten Album "Midnights" erausbruecht gehat. Dësen huet dann och direkt all d'Rekorder gebrach an d'Sängerin stoung mat senge Lidder an de kompletten Top 10 vun de Billboard Charts.

Natierlech gehéiert bei esou een Album och eng Tournée fir senge Fans den Album virzestellen. Dës soll am Mäerz 2023 ugoen a bis an den August daueren. Bis elo goufen allerdéngs just Datumer an Amerika ugekënnegt.

Vue dass vill Fans d'Musekerin wëlle gesinn, war den Undrang op d'Tickets dann och extrem héich. D'Internetsäit ass dann och direkt zesummegebrach d'Fans hu bis zu 8 Stonnen missen an der Waardeschlaang waarden. Déi allermeescht vun deenen Millioune Fans kruten dann och leider keng Tickets.

Fir anerer ass et nawell lukrativ gewiescht. An Zwëschenzäit ginn d'Tickets fir iwwer 22.000€ um Internet verkaaft.