Och säi Concert hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal ass dovunner betraff.

De Mark Forster huet den 13. August 2021 ënnert dem Numm "Musektiere" erauskomm. Mat dësem Album hat de Museker dann och eigentlech geplangt am Joer 2023 op grouss "Arena-Tour" duerch Europa ze goen.

Och ee Concert hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal stoung mat um Programm.

Elo huet den däitsche Museker op sengem Instagram-Account ugekënnegt, dass hien déi ganz Tour op 2024 géif verréckelen. 
Dat well hien am Moment bësse méi lues wéilt maachen an sech eventuell nach op een oder zwee aner Projete konzentréieren. Des weidere well de Mark Forster dann och u neier Musek schaffen ier et da rëm mat voller Kraaft op Tournée ka goen.

De Concert hei zu Lëtzebuerg ass dann op de 15. Mee 2024 geréckelt ginn.