Déi lëtzebuergesch Indie-Pop Band TUYS wäert den 18. November an der Kufa spillen.

Ufanks 2023 wäert déi lëtzebuergesch Band TUYS hiren neien Album "Reality Management LTD." op de Marché bréngen. Vun dësem Album kenne mer jo och lo schonn déi éischt zwou Singleauskopplungen "Yellow Ether" an "Open Ears On A Straitjacket Party". Fir all Single kennt dann och ee klenge Museksvideo raus, déi herno als klenge Kuerzfilm d'Geschicht vun der Fima "Reality Management LTD." erzielt.

Den 18. November maachen TUYS dann och ee Stopp fir hei zu Lëtzebuerg ze spillen. Lass geet et em 19.30h an der Kulturfabrik an déi lescht Tickets sinn hei och nach ze kréien.

Déi däitsch Band "Yuun" ass dann als Support Act mat dobäi.