Wien schonn ëmmer hannert d'Kulisse vun enger Tournée wollt kucke soll sech de 24. November verhalen.

Den Ed Sheeran ass mat Sécherheet ee vun deene gréisste Museker aus deene leschte Joerzéngten a mat sengem leschten Album "=" huet hien dat dann och nach eng Kéier bewisen.

Natierlech gehéiert bei engem Album och eng Tournée mat dobäi. Wärend der "Mathematics Tour" huet de brittesche Museker 88 Concerte gespillt a Milliounen Tickets verkaaft.

Fir jiddereen deen dorunner interesséiert ass wéi et awer am Hannergrond vun esou enger grousser Tournée ausgesäit, fir dee bréngt den Ed Sheeran lo eng Dokumentatioun eraus.

"Ed Sheeran: Full Circle" heescht de Projet, bei dem ee ganz genee gesäit wéi dem Museker säin Team déi 5 Concerten am Wembley organiséiert huet.

D'Avant Première ass dann de 24. November.