De lëtzebuergeschen DJ a Produzent NOSI ass zeréck mat sengem neien Track "Focus".

Wann een eng Rei Joren zeréck kuckt, dann dierfte vill Leit den DJ NOSI vun de Baler wärend dem Joer kennen. Nodeems hien hei sech ëmmer méi ee groussen Numm gemaach huet an zimmlech op all groussem Event hei am Land an esouguer am Ausland opgeluecht huet, huet hien och lo ugefaange selwer Musek ze produzéieren.

Säin neisten Track ass d'Lidd "Focus" an deem hie well beschreiwen, dass hie gär un déi Momenter op de Festivallen a Partien zeréckdenkt bei deenen d'Leit einfach just d'Musek fillen an net un hir Problemer denken.

Dësen Track huet den NOSI dann och an Zesummenaarbecht am Tun Tonnar produzéiert.