Den 21. Dezember wäert den 1. Lëtzebuerger Musekspräis iwwerreecht ginn. Haut sinn dann och déi Nominéiert released ginn.

Dëst Joer den 21. Dezember fënnt an der Rockhal déi éischte Kéier de Lëtzebuerger Musekspräis statt. Hei sinn haut d'Nominatiounen released ginn, déi a 5 verschiddene Kategorien vertruede sinn. Mat dobäi sinn zum Beispill an de Kategorien "Nowuesstalent" Museker*innen wéi de MAZ, CHAILD oder Francis of Delirium. Dës weideren gëtt et dann nach ee Präis fir déi beschte Live-Show, Beschte Fräizäitmusek oder beschte Musekvermëttlung.

An dëse Kategorien kann een tëschend 2.500 an 3.500 Euro gewannen an am ganzen ass de Lëtzebuerger Musekspräis mat engem Gesamtbudget vun 10.000€ dotéiert.

"Nowuestalent"

  • Francis of Delirium
  • Pit Brosius
  • MAZ
  • CHAILD
  • Benjamin Kruithof

"Op der Bün"

  • Francis of Delirium
  • MAZ
  • Reis Demuth Wiltgen
  • Artemandoline
  • TUYS

"Hannert der Bün"

  • Stéphanie Baustert
  • Tom Gatti
  • Charles Stoltz
  • Konektis Entertainment
  • Sacha Hanlet

"Fräizäitmusek"

  • Big Band OPUS78
  • Orchestre National des Jeunes
  • Hunnegstrëpp
  • Luxembourg Philharmonia
  • Festival Koll an Aktioun


"Musekvermëttlung"

  • Konektis Entertainment
  • OCL
  • Two Steps Twice
  • Beast
  • Klengen Maarnecher Festival