De lëtzebuergesche Museker wäert de 25. November eng nei Single erausbréngen.

Nach net esou ganz laang ass et hier dass den CHAiLD seng lescht Single "Italo Daddy" erausbruecht huet an dës ass dann och direkt immens gutt bei senge Fans ukomm.

Elo huet de lëtzebuergesche Museker sech per Instagram zeréckgemellt a seng neiste Single "Once I'm Gone" ugekënnegt. Dësen neien Track wäert e Freideg de 25. November erauskommen an ass aktuell schonn disponibel fir virzebestellen.

Ob dës zwou Singles dann och Deel vun engem Album sinn, ass awer nach net gewosst.