Am Joer 2023 soll d'Publikum beim Voting méi ze soe kréien.

Den Eurovision Song Contest ass säit Joerzéngten ee wichtegt Event an der Museksbranche, wat a ganz ville Länner verfollegt gëtt. Am Joer 2022 konnt sech jo d'Band "Kalush Orchestra" aus der Ukrain un d'Spëtzt vum Klassement sangen.

Am Joer 2023 huet den ESC dann awer wëlles, dass an der Halleffinall just nach d'Publikum ka wielen a keng Jury méi. D'Jury kéim da réischt an der Final erëm an den Asaz kommen.

Ausserdeem soll geplangt sinn, dass och Leit ausserhalb vun Europa kenne mat voten. Och dat wier eng éischt Neiegkeet.