Déi däitsch Rockband bréngt ee fonkelneie Museksvideo fir d'Single "Adieu" vum leschten Album eraus.

Rammstein hunn am Abrëll dëst Joer hiren aktuellsten Album "Zeit" erausbruecht gehat deen, wéi een et vu Rammstein scho gewinnt ass, ganz uewen an den däitschen Charts stoung.

Rammstein sinn dann och net nëmme fir hir impressionant Büneshow bekannt, mee och fir hier zimmlech opwendeg a ganz oft och schockant Museksvideoen.

Um Album "Zeit" war dann och d'Single "Adieu" mat drop, déi bei de Fans vun der Band d'Fro well opgeworf hat, ob d'Band sech géif opléisen.

Bis elo ass dat awer nach net de Fall an haut kennt dann och den neie Museksvideo zu der Single "Adieu" raus.

De 24.11.2022 ëm 17.00h kann een sech de Video da wärend der Première op YouTube ukucken.