Den Atelier huet confirméiert, dass déi däitsch Sängerin net wéi geplangt wäert hei zu Lëtzebuerg optrieden.

Déi däitsch Musekerin huet an deene leschte Jore schonn eng ganz Rei Präisser fir seng Hits wéi "Build A House" oder "Best Of Us" gewonnen.

Den 28. Januar 2023 sollt d'Stefanie Heinzmann dann och am Atelier am Kader vu senger "Labyrinth Tour" optrieden. Wéi den Atelier an enger Email matgedeelt huet, huet de Concert an déi ganz Tour leider missen ofgesot ginn.

Et ass och net geplangt de Concert nozehuelen an d'Suen vun den Tickets kritt een automatesch zeréck op säi Kont iwwerwisen.

Wien d'Stefanie Heinzmann awer well live gesinn, dee muss da leider bis 2023 waarden, wou d'Musekerin fir e puer Concerten an Däitschland ënnerwee ass.