De Reggae Festival zu Köln huet lo déi éischt Nimm fir déi nächst Editioun am Joer 2023 ugekënnegt.

De Summerjam Festival zu Köln um Fühlinger See ass säit Joerzéngten ee feste Bestanddeel vum Festival-Summer hei an der Géigend. Och vill Lëtzebuerger Musek-Fans zitt et all Joer op de gemittleche Festival ronderëm de Séi.

Elo hunn d'Organisateuren dann och déi éischt Bands fir déi 36t Editioun am Joer 2023 ugekënnegt. Vum 30. Juni bis 2. Juli wäerten hei op deene verschiddene Bünen ënnert anerem Trettmann, Jan Delay & Disco NO.1, Nina Chuba oder Alborosie optrieden. An Zukunft wäerten dann och nach ganz vill weider Kënschtler fir déi dräi Deeg ugekënnegt ginn.

Tickets kann een sech dann och lo schonn um Site vum Summerjam fir 155€ kafen.