No sengem leschten Album am Joer 2021 soll lo den 2. Dezember schonn den nächsten Longplayer rauskommen.

Den däitsche Rapper Haftbefehl ass an deene leschte Joren ëmmer méi bekannt ginn an huet spéitstens mat senger Single "069" den Hype vum Gangster-Rap an Däitschland nach méi gefestegt.

No sengen zwee Alben "Das Schwarze Album" an Das Weisse Album" an de Joren 2020 an 2021 huet den Haftbefehl lo säin neisten Album "Mainpark Baby" ugekënnegt. Dëse soll den 2. Dezember 2022 erauskommen an ass dem Museker säi 7ten Studioalbum. Den Haftbefehl huet dann och den éischten Track "Kein Respekt" released.

Den Album ass no enger Héichhaussiedlung "Mainpark" zu Offenbach benannt, wou den Haftbefehl opgewuess ass.