Nei Single, neien Album an natierlech och eng Worldtour ginn et vun der amerikanescher Metal-Band.

Am Oktober 1981 ass alles lass gaangen, wéi 4 Museker zu Los Angeles d'Metal Band Metallica gegrënnt hunn. Zu deene ganz groussen a populäersten Hits gehéiere Lidder wéi "Nothing Else Matters", "Master Of Puppets" oder och "Enter Sandman".

Hier Albe sti säit Joerzéngte ganz uewen an den Charts an hier Tours daueren dacks souguer puer Joer.

Elo huet Metallica dann ugekënnegt, dass si de 14. Abrëll 2023 hiren neien Album "72 Seasons" wäerten erausbréngen. Vun dësem gëtt et dann och lo schonn déi éischt Singleauskopplung mam Numm "Lux Aeterna".

Natierlech wäerten si dann och eng ganz Rei Concerte spillen. Dës Tour dauert ee Concert vu Metallica awer net wéi gewinnt 1 Owend mee direkt 2 Owenter bäi deenen d'Band zwee mol eng komplett aner Setlist spillt.

Hei trieden si ënnert anerem zu Paräis, Amsterdam, München oder Hamburg op.