De kanadesche Museker wäert am Joer 2023 och fir e puer Concerten an Europa ënnerwee sinn.

No sengem ganz erfollegräiche Studioalbum "After Hours" am Joer 2020 konnt de kanadesche Museker The Weeknd leider net direkt op Tournée goen. Am Joer 2022 ass hien dunn awer endlech duerch Amerika getourt.

Wéi de Museker op sengem Instagram Account ugekënnegt huet, wäert hien dann am Joer 2023 och am Kader vu senger "After Hours Til Dawn"-Tour och e puer Concerten hei an Europa spillen.

Fir déi lëtzebuergesch Fans sinn da Stied wéi Frankfurt, Paräis, Bréissel oder Düsseldorf nawell zimmlech interessant.

D'Tickets fir dës Concerte wäerten dann den 2. Dezember Mëttes ëm 12 Auer an de Verkaf goen.