Och am Joer 2023 wäerten am Park um Gaalgebierg rëm eng ganz Rei Bands an DJs optrieden.

Och am Joer 2023 wäerten am Kader vum Francofolies Festival zu Esch um Gaalgebierg rëm 4 Deeg immens vill Bands an DJs optrieden.

De Festival wäert nächst Joer vum 8.-11. Juni 2023 stattfannen an dat net nëmmen um Gaalgebierg mee och an der Kulturfabrik.

D'Organisateuren hunn dann och lo deen éischten Deel vum Line-Up released.

Als ganz groussen Headliner vum Weekend wäert dann de weltbekannten DJ Snake op der Mainstage stoen.

Weider Acts sinn dann nach Gazo, Angele, C'est Karma an Tuys.

Wann een dat net well verpassen da kann een sech lo schonn HEI seng Tickets fir de ganze Festival oder och just fir een Dag huelen.