Mat dëser neier Single ass dann och déi nei EP fir d'Joer 2023 ugekënnegt ginn.

De lëtzebuergesche Museker a Kënschtler Patrick Miranda huet de Projet "Pleasing" an d'Liewe geruff, mat dem hien sech dacks mat déiwen Emotioune beschäftegt.

Am Joer 2021 huet hien sech mat der Ligue, déi sech vir mental Gesondheet asetzen zesummegeschafft an ee Lidd zesumme geschriwwen a produzéiert.

Elo ass hie mat senger neister Single "THE STRUCTURE’S ABOVE" zeréck an der hien am Text d'Angscht ëm d'Zukunft verschafft. Hei verschafft hie bëssen seng Angscht ee Sënn a senger Zukunft ze gesinn.

Dës Single wäert dann och Deel vun der neier EP sinn, déi am nächste Joer wäert op de Marché kommen.