D'Single "Diva" vum lëtzebuergesche Museker krut mol eng Kéier ee bëssen anere Sound wéi een dat vum Rapper gewinnt ass.

Den Dan Courte alias LeDé Milestone ass een Hip-Hop-Museker vu Lëtzebuerg, dee scho ganz fréi mat der Rapzeen a Kontakt koum. 2004 huet hien zesumme mat sengem Brudder eng éischt Single eraus bruecht. Duerno koumen 3 erfollegräichen Alben op franséischer Sprooch- säit e puer Joer rappt de LeDé Milestone a senger lëtzebuergescher Mammesprooch.

Elo ass hien dann och zeréck mat enger neier Versioun vu senger 2022'er Single "Diva". Dëse Remix vun der Single huet de Ledé Milestone zesumme mam DJ Almighty A nei opgeholl an ee ganz neie Sound kreéiert.

Den typeschen Hip-Hop Sound ass bësse verschwonnen an se kléngt lo vill méi no Disco a Club.  Dës Single huet de Ledé Milestone dann och komplett selwer produzéiert. Eventuell sinn an Zukunft dann och nach weider Lidder vun deenen zwee Museker geplangt.