Am Mäerz 2023 wäert et een neien Album vum Escher Hip-Hop Kollektiv "De Läb" ginn.

Den Hip-Hop Kollektiv "De Läb" ass säit Joerzéngten an der Lëtzebuergescher Museks-Branche ënnerwee an hunn eigentlech déi éischt Schrëtt a punkto Hip-Hop hei am Land gemaach.

Wéi "De Läb" lo op hirem Instagram Account ugekënnegt hunn, wäerten si am Mäerz 2023 dann och een neien Album op de Marché bréngen. Dëse soll dann ënnert dem Numm “Ween Ass am Haus (Gemaach?!)”  erauskommen.

Eng Release Party ass dann och scho geplangt, déi de 24. Mäerz an der Kulturfabrik zu Esch wäert stattfannen.

Do kann een sech dann och lo schonn een Ticket kafe fir hei mat dobäi ze sinn.