Als lokal Band kann een sech lo mat sengem eegene Museksvideo fir de LuxFilmFest umellen.

Wéi déi lescht 7 Joer wäert och am Joer 2023 d'Team vum Rocklab zesumme mam Luxembourg City Film Festival schaffen. Hei sichen si zesummen dee beschte Museksvideo vun enger lokaler Band, deen dann den 10. Mäerz 2023 am Ciné Utopia op der grousser Leinwand wäert gewise ginn.

Als lokal Band kann een sech lo nach HEI bis den 22. Dezember mat sengem Museksvideo umellen.