Och am Joer 2023 wäert déi amerikanesch Rock-Band mat hirem neisten Album hei an Europa op Tour goen.

Am Joer 2023 feieren d'Red Hot Chili Peppers schonn hire 40te Gebuertsdag. An fir dat ze feiere wäert déi amerikanesch Band mat hiren zwee neien Alben och eng Tour spillen.

Am Joer 2022 hunn si jo direkt hir zwee Alben "Unlimited Love" an "Return Of The Dream Chanteen" erausbruecht gehat, déi si rëm zesumme mam John Frusciante op der Gittar opgeholl haten.

Op dëser Tour wäerten si dann och e puer Concerten hei an der Géigend spillen. Dat zum Beispill um Rock Werchter Festival, zu Mannheim, Wien oder Landgraaf.

D'Tickets wäerten den 9. Dezember moies ëm 10 Auer an de Verkaf goen.