Op Instagram huet Coldplay fir Opreegung bei de Fans gesuergt.

Nodeems Coldplay zimmlech dat ganzt Joer op grousser Welttournée mat hirem aktuellen Album "Music Of The Spheres" waren, sinn si awer lo zeréck an hunn Zäit sech op aner Saachen ze konzentréieren.

Op Instagram huet d'Band awer lo mat engem Post fir Opreegung bei senge Fans gesuergt.

Hei hat d'Band ronderëm de Chris Martin een Text gepost, an dem si geschriwwen hunn dass si sech wënschen dass et all Mënsch gutt géif goen. Drënner hunn si dunn nach eng 7 Songs gepost, déi si am Moment vill lauschtere géifen.

Wat awer déi grouss News war, war dee leschte Saz: "We are int the studio".

Heescht dat dass et ganz geschwënn nei Musek vu Coldplay gëtt oder musse mer trotzdeem nach e puer Joer op een neien Album waarden? Méi Informatioune ginn et bis elo heizou nach net.

insta