Den däitschen Trio wäert 2023 op der Fête de la Musique zu Diddeleng optrieden.

Mat Lidder wéi "Brooklyn", "Redlight" oder "Sorry" ass den Mannheimer Trio international bekannt ginn. Bis elo huet ClockClock nach keen Album erausbruecht. Dëse soll awer ganz geschwënn erauskommen an da wäerten si dann och am Summer 2023 op Tournée goen.

Wärend dëser "When The Sun Don't Shine" Tour wäert den Trio dann och hei zu Lëtzebuerg ee Concert spillen, dat wärend der Fête de la Musique zu Diddeleng de 17. Juni 2023.

2023 wäert dann och schonn déi 30t Editioun vun der Fête de la Musique zu Diddeleng sinn.