De weltbekannte Sänger stoung am Studio fir de Blockbuster "Avatar: The Way Of Water" deen de 14. Dezember an de Kino kennt.

Am Januar hat de Museker The Weeknd säi fënnefte Studioalbum "Dawn FM" released gehat a stoung domadder international iwwerall ganz uewen an den Charts.

Viru kuerzem huet de Museker dann och ugekënnegt gehat, dass hien am Joer 2023 e puer Concerten hei an Europa géif spillen.

Bëssen eppes aneres ass da lo dem The Weeknd seng Mataarbecht um Blockbuster "Avatar: The Way Of Water", bei dem hien e puer Lidder opgeholl huet. Op Instagram huet de Kanadier dann och schonn ee Snippet vun engem Song released. De ganze Song wäert dann de 16. Dezember op de Marché kommen.