D'Lana Del Rey huet net nëmmen eng nei Single released mee och direkt en neien Album ugekënnegt.

Ganz spontan huet d'Lana De Rey op engem Donneschden seng ganz nei Single "Did you know that there‘s a tunnel under Ocean Blvd" erausbruecht. Schonn eleng den Titel kéint ee vun dene längsten an der Museksgeschicht sinn.

Zesumme mat dëser Single huet d'Sängerin awer net nëmmen nei Musek released mee och direkt ugekënnegt, dass hat een neien Album wäert erausbréngen. Dëse soll dann dee nämmlechten Titel wéi déi aktuell Single hunn an den 10. Mäerz 2023 op de Marché kommen.

Dëst Joer hat een d'Lana Del Rey jo och schonn um Taylor Swift sengem Album "Midnights" héieren, wou hat ee Feature bei der Single "Snow On The Beach" hat.

Ob och eng Tournée geplangt ass huet d'Sängerin bis elo awer nach net verroden.