Viru kuerzem huet de Bartleby Delicate an der Philharmonie gespillt. Dëse Concert bréngt hie lo als Live-Album eraus.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Am Februar 2022 hat de Georges Goerens mat sengem Solo-Projet Bartleby Delicate ee ganz spezielle Concert an der Philharmonie gespillt. Hei stoung hien net eleng op der Bün, mee mat enger Rei Musekerkolleegen, déi hien an engem bësse méi spezielle Setting ënnerstëtzt hunn.

Dëse Concert ass dann och professionell opgeholl ginn, a wäert den 28. Januar 2023 als Live-Vinyl-Album erauskommen. Deen éischte Song "Deadly Over You" ass dann och lo schonn als Singleauskopplung erauskomm.

Fir dëse Release richteg ze féieren, wäert de Bartleby Delicate an deem nämmlechte Setting eng Release-Show an de Rotondes spillen.

Dës fënnt den 28. Januar am grousse Sall vun de Rotondes statt.

Wann een hei wëll mat dobäi sinn, da kann een sech HEI scho säin Ticket kafen.