Bei der Band Pantera stéieren sech vill Leit, vue dass dës schonn des Ëfteren negativ opgefall ass.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De Rock am Ring Festival ass säit 1985 bekannt fir säin zimmlech villsäitegen a gudde Line-Up all Joer. Natierlech kënnen d'Organisateuren och net all Joer déi ganz grouss Headliner ukënnegen.

Fir d'Editioun 2023 ass viru puer Wochen dann och lo ugekënnegt ginn, dass niewent groussen Nimm wéi Limp Bizkit, Kings Of Leon oder Rise Against geet et am Moment éischter ëm déi amerikanesch Metal Band Pantera an d'Toten Hosen, déi och alle béid sollen dee Weekend do optrieden.

Pantera ass eng vun deene bekanntsten Trash-Metal Bands aus den 90er Joren, déi allerdéngs duerch hire Sänger am Joer 2016 immens kritiséiert goufen. Op engem Concert huet de Sänger kloer rietsradikal Saache gesot an esouguer den "Hitlergruß" gemaach.

D'Fans vum Rock am Ring an och d'Band Die Toten Hosen hunn lo op de soziale Medien hirer Roserei fräie Laf gelooss a kritiséiert, dass eng Band wéi Pantera iwwerhaapt op dësem Festival dierft spillen.

Och wann de besote Sänger sech scho méi dacks entschëllegt hätt, géing dëst net duergoen an et wier einfach net an der Rei dass si fir de Festival gebucht wieren.

De Festival huet och lo an engem Statement doropper reagéiert a gesot, si géifen dem Sänger nach eng allerlescht Chance ginn a sech komplett vu sengen Äusserungen distanzéieren, fir dass d'Pantera Bands nach eng Kéier hir Band kéinten erliewen.