Dëst Joer sinn dann och direkt 4 Lëtzebuergesch Projete vertrueden.

Lauschtert hei de ganze Reportage

All Joer am Januar fënnt zu Groningen an Holland den Eurosonic Showcase Festival statt. Hei si bis zu 350 Newcomer aus ganz Europa, 40.000 Visiteuren a 4.000 Leit aus der Museksbranche mat dobäi. Fir Newcomer sinn dës Festivallen immens wichteg vue dass vill Concertshalen, Booker a Festivallen sech heihinner ukucke kommen, wat nei um Marché ass.

Dëst Joer sinn dann och direkt 4 Projeten aus Lëtzebuerg mat dobäi.

- Francis of Delirium
- MAZ
- Tuys
- Josh Island

Hei mierkt een dann och kloer dass d'Museksbranche hei am Land ëmmer besser a méi professionell gëtt. Den Export an d'Ausland wier fir vill national Artisten dann och deen éischte Schrëtt fir international Fouss ze faassen.