Déi jonk lëtzebuergesch Musekerin huet am Joer 2021 de Screaming Fields Song Contest gewonne gehat.

Lauschtert hei de ganze Reportage

D'Emily Grogan ass eng 16 Joer al lëtzebuergesch Musekerin, wat am Alter vu 9 Joer ugefaangen huet seng eege Lidder ze schreiwen. Seng Inspiratioun hellt hat sech dann duerch seng Léift fir 90er Bands wéi zum Beispill Radiohead oder Nirvana.

Am Joer 2021 huet d'Emily Grogan dann och beim Screaming Fields Song Contest matgemaach gehat an dësen och gewonnen. Doduerch konnt hat seng Karriär och nach eng Kéier bësse méi pushen.

Elo huet d'Emily Grogan dann och den 20. Januar seng alleréischt Single "The Other Side" erausbruecht, an der hat dovunner séngt, dass hat am léifste géif verschwannen an op "The Other Side" géing flüchten. An der Single héiert een dann och kloer eraus, dass d'90er Joren seng Musek wierklech inspiréieren.