De Festival zu Léck huet nawell ee staarke Line-Up fir 2023.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De belschen Hip-Hop Festival "Les Ardentes" fënnt all Joer Ufanks Juli zu Léck statt. Dëst Joer wäert de Festival vum 6.-9. Juli stattfannen.

Beim Line-Up hunn d'Organisateuren sech awer dëst Joer och rëm eppes Guddes afale gelooss. Niewent enger ganzer Rei Artiste wäerten als Headliner och den Travis Scott, Kendrick Lamar a Central Cee an J Balvin optrieden.

Wann een hei well mat dobäi sinn, da kann een sech och lo schonn een Ticket kafen. D'Ticketspräisser leien hei bei 247 € fir de ganze Weekend, 287€ fir de Weekend mat Camping a 95€ fir een Dagesticket.