De Festival zu Paräis huet déi éischt Nimm vum Line-Up

Lauschtert hei de ganze Reportage

De Festival "Rock en Seine" zu Paräis fënnt all Joer am August statt an zitt bis zu 40.000 Musek-Fans un. Dëst Joer wäert de Festival vum 25. August bis de 27. August stattfannen.

Ier den eigentleche Festival lassgeet, hunn d'Organisateuren och säit e puer Joer een Dag an der Woch virum Festival schonn ee grousse Concert organiséiert. Dëst Joer wäert déi amerikanesch Sängerin Billie Eilish Mëttwochs den 23. August do optrieden.

Um Weekend stinn dann och eng ganz Rei un Highlighten um Programm. Hei sinn ënnert anerem Florence + The Machine, Placebo, The Strokes, Foals, Charlotte de Witte, Wet Leg oder Tove Lo gebucht ginn.

De ganze Line-Up kenn der op rockenseine.com iech ukucken.

D'Tickets fir d'Billie Eilish kommen de 25. Januar eraus an déi fir de Festival de 26. all Kéiers Mëttes ëm 12 Auer.