D'Organisateuren hunn op de soziale Medien ugekënnegt, dass déi amerikanesch Metal Band net beim Rock am Ring a Rock im Park wäert optrieden.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Virun e puer Deeg hate mer an eise Museknews scho gesot, dass immens vill negatiivt Gespréich iwwert den aktuelle Line-Up an de soziale Medien opgedaucht ass.

Hei gouf kritiséiert dass déi amerikanesch Metal-Band Pantera vun der de Sänger wéinst rietsradikalen Äusserungen opgefall war, trotzdeem fir déi zwee Festivallen Rock am Ring a Rock im Park gebucht gi waren.

Nodeems vill Leit sech doru gestéiert hunn an esouguer d'Toten Hosen ee Statement gemaach haten, hunn d'Organisateure lo ugekënnegt, dass si d'Band Pantera aus dem Line-Up geholl hätten.

Ob d'Band duerch eng aner ersat gëtt ass am Moment net gesot ginn.