De Sänger huet no bal 20 Joer lo bekannt ginn, dass et leider eriwwer wier mam Band-Projet.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi amerikanesch Band Panic! At The Disco hunn sech am Joer 2004 gegrënnt an hu mat Hits wéi "High Hopes" oder "House of Memories" Lidder released, déi eng ganz Generatioun gepräägt hunn.

Elo 19 Joer a 7 Studioalbe méi spéit huet de Sänger Brendon Urie op Instagram an engem Statement geschriwwen, dass si d'Band elo géifen opléisen.

An Zukunft wéilt de Sänger sech voll a ganz op seng Famill konzentréieren. Hien huet senge Fans awer Merci gesot fir déi laang a schéin Zäit déi Panic! At The Disco an deene ganze Joren hat. Dës Rees mat der Band wäert dann elo hei op en Enn goen.

E puer lescht Concerte ginn et dann awer nach dëst Joer am Mäerz ier dann d'Gittare fir ëmmer wäerten aus bléiwen.