Déi amerikanesch Band wäert hir eenzeg Europa-Concerten op de Geschwëster-Festivallen Rock am Ring a Rock im Park spillen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Nodeems d'Organisateure viru ganz kuerzem eréischt matgedeelt haten , dass d'Band Pantera net wäert um Rock am Ring a Rock im Park spillen, hunn si awer net laang op sech waarde gelooss fir eng ganz speziell Annonce ze maachen.

Dëst Joer wäert déi amerikanesch Band Foo Fighters zwee ganz exklusiv Europa-Concerten op dësen zwee Festivalle spillen.

Nom Dout vum Drummer Taylor Hawkins war laang net kloer ob a wéi et mat der Band géif weider goen. Viru kuerzem hat d'Band awer schonn déi éischt Optrëtter an Amerika ugekënnegt. Fir europäesch Fans dierf dëst ee wierklech grousse Moment ginn.

Wien allerdéngs hannert den Drums setzt, ass nach ëmmer net bekannt.