"Weinen Auch Im Bentley" heescht deen neien Track deen Deichkind zesumme mam Clueso erausbréngen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Den däitschen Hip-Hop Kollektiv Deichkind ass bekannt fir hir Optrëtter, bei deenen déi komplett Concertshal mol fir 2 Stonnen an eng riseg Party verwandelt gëtt.

Elo ass d'Band dann och zeréck mat enger ganz neier Single. "Weinen Im Bentley" heescht deen neien Track deen si zesumme mam Clueso erausbréngen. Dësen ass dann no "In der Natur" a "Geradeaus" lo schonn déi drëtt Singleauskopplung vum neien Album "Neues Vom Dauerzustand", deen de 17. Februar wäert erauskommen.

Deichkind wäerten dann och op Tournée goen. Ee Concert hei am Land ass bis elo dann awer nach net ugekënnegt.