Den 28 Joer ale Museker huet seng Museksrechter fir labber 200 Milliounen Dolla

Lauschtert hei de ganze Reportage

An deene leschte Joren huet een eigentlech ëmmer rëm héieren, dass verschidde grouss Museker hier Museksrechter verkaaft hunn. Elo huet den kanadesche Sänger Justin Bieber dann och dëse Schrëtt gemaach a seng komplett Rechter vu senge ronn 290 Lidder verkaaft. Ganz bëlleg war dat allerdéngs net. D'Firma Hipgnosis Songs Capital huet ronn 200 Milliounen Dollar fir de komplette Katalog bezuelt.

Dëse Verkaf soll dann och deen deierste Verkaf an der Museksgeschicht sinn.

Domat steet den Justin Bieber dann a gudder Gesellschaft mat Kënschtler wéi dem Justin Timberlake, Bruce Springsteen oder de Red Hot Chili Peppers, déi alleguer hier Museksrechter verkaaft hunn.