
© NIKLAS HALLE'N / AFP
De brittesche Museker huet eng nei Single released a fir de Juni 2023 een neie Longplayer ugekënnegt.
De 27 Joer ale brittesche Museker Tom Grennan huet op senge social Media Accounts ugekënnegt dass hien de 9. Juni 2023 wäert säin neien Album "What Ifs + Maybes" erausbréngen.
Fir op dësen drëtten Album ze teasen huet hien dann och lo seng nei Singleauskopplung erausbruecht. De Song "Here" handelt dovunner, dass et ganz ville Leit am Moment duerch vill Saachen déi an der Welt geschitt si, schlecht geet. Mat dëser Single probéiert den Tom Grennan de Leit hei Hoffnung ze maachen, fir dass se dru gleewen dass et och eng Kéier rëm besser gëtt.