
© Eldoradio
De lëtzebuergesche Museker huet mat "Just Text" seng neiste Single op de Marché bruecht.
Lauschtert hei de ganze Reportage
No senger Single "Focus" am Joer 2022 ass de lëtzebuergesche Museker EDSUN elo zeréck mat sengem neien Track "Just Text".
Am Text an der Single probéiert den EDSUN d'Gefill ze beschreiwen, dass een heiansdo eng Persoun a sengem Liewen huet mat der een sech lues awer sécher ausenee lieft. Dacks verléiert een hei dann och de Bezuch zu dëser Persoun obwuel dat der anerer Persoun net wierklech opfält. An deem Moment soll dës Persoun einfach ophalen unzeruffen an ze schreiwen, fir dass een einfach kann ee Schlussstréch ënnert dës Bezéiung ka setzen.