Déi lëtzebuergesch Indie-Rock Band TUYS hunn eng nei Single vun hirem Album "Reality Management Ltd." released.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi lëtzebuergesch Indie-Band TUYS wäert am Joer 2023 een neien Album mam Numm "Reality Management Ltd." op de Marché bréngen. A genee vun dësem Album ass dann och lo déi drëtt Singleauskopplung "Look Alive" released ginn. Hei geet et dorëms, dass een sech heiansdo net méi sou lieweg fillt, vue dass een dacks vu Fiktioun ofgelenkt gëtt.

Och fir dës Single ass rëm een opwendege Museksvideo produzéiert ginn. D'Museksvideo déi a Form vu Kuerzvideoen erauskommen, erginn herno wann den Album dobaussen ass ee klenge Film, deen d'Geschicht vun der Firma "Reality Management Ltd." wäert erzielen.

Am Mäerz spillen Tuys dann och eng Tournée bei der si a verschiddene Kinoen optrieden. Hei gëtt dann och de Kuerzfilm gewisen. Och een Datum fir Lëtzebuerg soll mat dobäi sinn.