
© Eldoradio
Och fir d'Editioun am Joer 2023 wäerte rëm ëm 600 DJ'en op 2 Weekender um Festival optrieden.
Den Tomorrowland Festival gouf déi éischte Kéier am Joer 2005 organiséiert a gouf nëmme vun e puer dausend Leit besicht. Ganz séier ass de Festival awer méi grouss ginn a gëllt haut als dee gréissten EDM Festival op der Welt.
Dëst Joer fënnt de Festival dann da vum 21-23 Juli a vum 28.-30 Juli statt. Hei gëtt also op zwee Weekender geféiert. Am Joer 2022 waren et der esouguer direkt dräi.
Zesumme mam Virverkaf vum Festival dee natierlech wéi gewinnt no e puer Minutten ausverkaaft war ass dann och lo de Line-Up fir 2023 annoncéiert ginn. Ronn 600 DJ'en wäerten op deenen zwee Weekender optrieden.
Highlighter sinn hei dann ënnert anerem den Hardwell, Tiësto, Martin Garrix, Vini Vici, James Hype, Afrojack a ganz vill aner grouss Nimm.
Eng zweet Chance fir d'Tickets ze kafe gëtt et dann nach eng Kéier de 4. Februar ëm 17.00 Auer. Hei ginn déi lescht Tickets dann an de Verkaf ier de Festival da komplett Sold-Out ass.