
© FREDERIC J. BROWN / AFP
An der Nuecht vum 5. Februar op de 6. Februar ginn dëst Joer zu Los Angeles d'Grammys verdeelt.
De 5. Februar ëm 2 Auer lëtzebuergescher Zäit ginn zu Los Angeles fir déi 65. Kéier d'Grammy verdeelt. Dëse Präis ass och am Joer 2023 nach ëmmer ee vun deene wichtegste Präisser an der Museksbranche.
Niewent de Präisiwwerreechunge wäerten da wärend der ganzer Zeremonie och eng ganz Rei Live-Optrëtter stattfannen. Hei sinn zum Beispill d'Lizzo, Sam Smith, Harry Styles oder d'Kim Petras mat dobäi.
Den Harry Styles ass dann och rëm direkt fir 9 Grammys nominéiert ënnert anerem fir säin Album "Harry's House" an den Titel "As It Was".
Wien herno déi meeschte Grammys mat heem hellt gi mer dann e Méindeg Moie gewuer.