Déi brittesch Pop-Rock-Band Coldplay ass amgaang u neier Musek ze schaffen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Nodeems Coldplay am Joer 2021 hiren aktuellen Album "Music Of The Spheres" released haten, war déi brittesch Band dann och fir ronn 2 Joer op Welttournée. Dës Tour wäert dann och nach bis Mëtt 2023 daueren.

Elo huet de Sänger Chris Martin dann an engem Interview verroden, dass d'Band  deen neien Album mam Numm "Moon Music" scho fäerdeg soll hunn. Dëse géif dann awer nach net haut a muer op de Marché kommen.

Viru kuerzem hat d'Band jo och scho gesot, dass si just nach Musek géifen erausbrénge bis 2025 an sech duerno just nach op Concerte géif konzentréieren.

Soubal mer wësse wéini den Album "Moon Music" lo soll erauskomme gitt der dat natierlech och hei gewuer.