Viru kuerzem kruten d'Jonas Brothers hire Stär um Walk Of Fame zu Hollywood.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi dräi Bridder Nick, Joe a Kevin hunn am Joer 2005 d'Band Jonas Brothers gegrënnt. Hiren Duerchbroch hat d'Band dann am Joer 2007 mat hirem zweete Studioalbum "Jonas Brothers", mat dem si weltwäit an den Charts stoungen.

Am Joer 2013 koum dunn d'Nouvelle dass d'Band sech géif trennen. No 6 Joer hunn si sech am Joer 2019 awer rëm zesummegedoen an ënnert anerem den Hit "Sucker" released.

Elo kruten d'Jonas Brothers dann och endlech hiren eegene Stär zu Hollywood um Walk of Fame.

Wéi si de Stär ugeholl hunn, hunn déi dräi Bridder dann och ugekënnegt, dass si dëst Joer een neien Album géifen erausbréngen, dee mat enger grousser Tour geféiert géif ginn. Weider Detailer wéi de Numm oder een Datum sinn dann awer nach net verrode ginn.